Constitution du Grand-Duché de Luxembourg
Kapitel I. De Staat, säin Territoire a seng Awunner
Sektioun 1. De Staat, seng politesch Form an d’Souveränitéit
Art. 1.
De Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass en demokrateschen, fräien, onofhängegen an ondeelbare Staat.
Art. 2.
De Grand-Duché vu Lëtzebuerg funktionéiert no de Reegele vun enger parlamentarescher Demokratie. D’Staatsform ass déi vun enger constitutionneller Monarchie.
De Staat berout op de Prinzippie vum Rechtsstaat an op dem Respekt vun de Mënscherechter.
Art. 3.
D’Souveränitéit läit bei der Natioun, vun där d’Staatsgewalten ausginn.
Art. 4.
(1)
D’Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D’Gesetz reegelt d’Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.
(2)
D’Nationalsymbol ass den dräifaarwege Fändel Rout-Wäiss-Blo.
(3)
D’Gesetz definéiert d’Staatswopen.
(4)
D’Nationalhymn ass „Ons Heemecht“.
Art. 5.
De Grand-Duché vu Lëtzebuerg bedeelegt sech un der europäescher Integratioun.
Den Exercice vu Staatsgewalte kann un d’Europäesch Unioun an un international Institutiounen iwwerdroe ginn duerch e Gesetz, dat no de Konditioune vum Artikel 131, Alinea 2 vun der Verfassung ugeholl gëtt.
Sektioun 2. Den Territoire
Art. 6.
Keen Territoire kann ofgetrueden, getosch oder derbäigesat ginn, ausser opgrond vun engem Gesetz, dat mat der qualifizéierter Majoritéit ugeholl gëtt.
Art. 7.
D’Grenzen an d’Haaptuertschafte vun de Kantonen, de Gemengen an de Geriichtsarrondissementer gi vum Gesetz festgeluecht.
Art. 8.
D’Stad Lëtzebuerg ass d’Haaptstad vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg an de Sëtz vun de constitutionnellen Institutiounen.
Kapitel II. D’Rechter an d’Fräiheeten
Sektioun 1. D’Nationalitéit an d’politesch Rechter
Art. 9.
D’Gesetz leet fest, wéi een d’lëtzebuergesch Nationalitéit kritt, behält a verléiert.
Art. 10.
(1)
D’Lëtzebuerger hu sämtlech politesch Rechter, déi si no de Konditioune vun der Verfassung an de Gesetzer ausüben.
(2)
Ënner Ausschloss vum Artikel 64 kann d’Gesetz Netlëtzebuerger d’Ausübe vu politesche Rechter accordéieren.
Art. 11.
D’Gesetz reegelt den Zougang zu den ëffentlechen Aarbechtsplazen. Ëffentlech Aarbechtsplazen, bei deenen een direkt oder indirekt un dem Exercice vun der Staatsgewalt an u Funktiounen deelhëlt, déi dorop ausgeriicht sinn, d’allgemeng Interessie vum Staat ze schützen, kënne vum Gesetz de Lëtzebuerger virbehale ginn.
Sektioun 2. D’Grondrechter
Art. 12.
D’Mënschewürd ass onverletzlech.
Art. 13.
(1)
All Persoun huet d’Recht op hir kierperlech a geeschteg Integritéit.
(2)
Keen däerf gefoltert oder onmënschlechen an erniddregende Strofen oder Behandlungen ausgesat ginn.
D’Doudesstrof kann net agefouert ginn.
Art. 14.
All Persoun huet d’Recht op Meenungsfräiheet, Gewëssensfräiheet a Reliounsfräiheet.
Sektioun 3. D’ëffentlech Fräiheeten
Art. 15.
(1)
D’Lëtzebuerger si virum Gesetz gläich.
D’Gesetz kann eng ënnerschiddlech Behandlung virgesinn, déi op enger objektiver Differenz baséiert an déi rationell gerechtfäerdegt, adequat a proportional zu hirem Zil ass.
(2)
Et dierf kee wéinst senger Situatioun oder senge perséinlechen Ëmstänn diskriminéiert ginn.
(3)
Fraen a Männer sinn an hire Rechter a Flichte gläich.
De Staat setzt sech aktiv fir d’Eliminatioun vun den Hindernisser an, déi am Beräich vun der Gläichheet tëschent Fraen a Männer kënne bestoen.
(4)
All Persoun huet d’Recht, eng Famill ze grënnen.
All Persoun huet d’Recht op de Respekt vun hirem Familljeliewen.
(5)
An all Entscheedung, déi e Kand betrëfft, huet säin Interessi Virrang.
Jiddwer Kand kann zu all Fro, déi et betrëfft, seng Meenung fräi äusseren. Seng Meenung gëtt jee no Alter an Urteelsfäegkeet a Betruecht gezunn.
Jiddwer Kand huet d’Recht op de Schutz, op d’Moossnamen an op d’Fleeg, déi fir säi Wuelbefannen a seng Entwécklung néideg sinn.
(6)
Jiddwer handicapéiert Persoun huet d’Recht, op déi selwecht Aart a Weis all Rechter ze genéissen.
Art. 16.
All Netlëtzebuerger, dee sech um Territoire vum Grand-Duché befënnt, genéisst de Schutz, deen de Persounen an de Saachen accordéiert gëtt, ënner Virbehalt vun den Ausnamen, déi d’Gesetz virgesäit.
Art. 17.
(1)
D’perséinlech Fräiheet ass garantéiert.
(2)
Keen dierf strofverfollegt, festgeholl oder senger Fräiheet entzu ginn, ausser an de Fäll an an der Form, déi d’Gesetz virgesäit.
(3)
Ausser wann een op frëscher Dot ertappt gëtt, dierf een nëmmen opgrond vun enger begrënnter riichterlecher Entscheedung festgeholl ginn, déi bei der Festnam oder spéitstens véieranzwanzeg Stonnen dono zougestallt gëtt.
(4)
All Persoun, déi enger Strofdot beschëllegt gëtt, gëllt als onschëlleg, bis hir Schold dem Gesetz no bewisen ass.
All Persoun muss direkt iwwer d’Grënn vun hirer Festnam oder hirem Fräiheetsentzuch, iwwer d’Uschëllegunge géint si an iwwer d’gesetzlech Recoursen informéiert ginn, déi hir opstinn, fir hir Fräiheet zeréckzekréien.
Art. 18.
All Persoun huet d’Recht, datt hire Fall virun deem Geriicht, dat d’Gesetz virgesäit, gehéiert gëtt.
Kee ka géint säi Wëllen dem Riichter, deen d’Gesetz him zouweist, entzu ginn.
Art. 19.
Strofe kënnen nëmmen opgrond vun engem Gesetz festgeluecht an applizéiert ginn.
Et dierf kee fir eng Dot oder eng Ënnerloossung verurteelt ginn, déi zum Zäitpunkt, zu deem se begaange ginn ass, keng gesetzlech Strofdot war.
Et dierf keen zu enger méi héijer Strof verurteelt gi wéi där, déi applicabel war zum Zäitpunkt, zu deem d’Strofdot begaange gouf.
Art. 20.
All Persoun huet d’Recht op de Respekt vun hirem Privatliewen.
Art. 21.
D’Wunneng ass onverletzlech. En Hausbesuch kann nëmmen an de Fäll an an de Formen, déi vum Gesetz virgesi sinn, duerchgefouert ginn.
Art. 22.
En Eed kann nëmmen opgrond vun engem Gesetz imposéiert ginn, dat och seng Formel festleet.
Art. 23.
D’Meenungsfräiheet an d’Pressefräiheet si garantéiert, ofgesi vun de Strofdoten, déi am Zesummenhang mam Ausübe vun dëse Fräiheeten begaange ginn.
Et dierf keng Zensur agefouert ginn.
Art. 24.
D’Fräiheet, fir seng philosophesch oder reliéis Iwwerzeegungen auszedrécken, an d’Fräiheet, fir enger Relioun bäizetrieden oder net bäizetrieden, si garantéiert, ofgesi vun de Strofdoten, déi am Zesummenhang mam Ausübe vun dëse Fräiheete begaange ginn.
D’Reliounsfräiheet an hiert Ausübe si garantéiert, ofgesi vun de Strofdoten, déi am Zesummenhang mam Ausübe vun dëse Fräiheete begaange ginn.
Kee ka gezwonge ginn, op iergend eng Aart a Weis un den Handlungen an Zeremonië vun enger Relioun deelzehuelen oder hir Roudeeg anzehalen.
Art. 25.
All Persoun huet d’Recht, sech friddlech, am Respekt vum Gesetz, ze versammelen. Nëmme fir Versammlungen, déi dobaussen, op enger Plaz, déi ëffentlech zougänglech ass, stattfannen, kann eng prealabel Autorisatiounsflicht virgesi ginn.
Art. 26.
D’Vereenegungsfräiheet ass garantéiert. Wéi se ausgeüübt gëtt, gëtt vum Gesetz gereegelt, dat dofir keng prealabel Autorisatiounsflicht aféieren dierf.
Art. 27.
D’politesch Parteien droen derzou bäi, de Wëlle vum Vollek ze forméieren an dem allgemenge Walrecht Ausdrock ze ginn. Si drécken den demokratesche Pluralismus aus.
Art. 28.
D’Fräiheete vun de Gewerkschafte si garantéiert.
D’Gesetz reegelt d’Ausübe vum Streikrecht.
Art. 29.
All Persoun kann Demanden, déi vun enger oder méi Persounen ënnerschriwwe goufen, un d’ëffentlech Autoritéiten adresséieren.
D’ëffentlech Autoritéite si verflicht, bannent engem räsonabelen Delai op d’schrëftlech Ufroe vun den Demandeuren ze äntweren.
Art. 30.
All Persoun huet d’Recht op d’Onverletzlechkeet vun hire Kommunikatiounen.
Dëst Recht dierf net ageschränkt ginn, ausser an de Fäll, ënnert de Konditiounen a mat de Kontrollen, déi vum Gesetz virgesi sinn.
Art. 31.
Jiddereen huet d’Recht op Selbstbestëmmung, wat d’Informatiounen ugeet, an op de Schutz vu senge perséinlechen Daten. Dës Daten dierfen nëmmen zu den Zwecker an ënnert de Konditiounen, déi vum Gesetz festgeluecht sinn, traitéiert ginn.
Art. 32.
D’Recht op Asyl ass garantéiert ënnert de Konditiounen, déi d’Gesetz virgesäit.
Art. 33.
(1)
All Persoun huet d’Recht op Bildung.
(2)
De Staat organiséiert den Enseignement a garantéiert den Zougang derzou.
D’Dauer vun der Schoulflicht gëtt vum Gesetz festgeluecht.
Den ëffentlechen Enseignement am Fondamental an am Secondaire ass gratis.
(3)
D’Fräiheet vum Enseignement gëtt ausgeüübt am Respekt vun de Wäerter vun enger demokratescher Gesellschaft, déi op de Grondrechter an den ëffentleche Fräiheeten opgebaut ass.
D’staatlech Interventioun am privaten Enseignement gëtt vum Gesetz gereegelt.
(4)
All Persoun ass fräi, zu Lëtzebuerg oder am Ausland ze studéieren an ze wielen, wéi eng Universitéite si besicht. D’Konditioune vun der Unerkennung vun den Diplomer gi vum Gesetz bestëmmt.
Art. 34.
D’Sozialversécherung, de Schutz vun der Gesondheet an d’Rechter vun de Leit op der Aarbecht ginn, wat d’Prinzippien ugeet, vum Gesetz gereegelt.
Art. 35.
D’Fräiheet vun Handel an Industrie an d’fräit Ausübe vu liberale Professiounen a vun der landwirtschaftlecher Aktivitéit si garantéiert, ënner Virbehalt vun de Restriktiounen, déi d’Gesetz festleet.
Art. 36.
Kengem ka säi Besëtz ewechgeholl ginn, ausser am allgemengen Notzen a géint eng fair Indemnisatioun, an de Fäll an op d’Aart a Weis, déi vum Gesetz festgeluecht sinn.
Art. 37.
All Restriktioun vum Exercice vun de Grondrechter muss vum Gesetz virgesi sinn an hire weesentlechen Inhalt respektéieren. Am Respekt vum Prinzip vun der Proportionalitéit si Restriktiounen nëmme méiglech, wa si an enger demokratescher Gesellschaft néideg sinn an effektiv den allgemengen Interessi oder de Schutz vun aneren hire Rechter a Fräiheeten zum Zil hunn.
Sektioun 4. Staatsziler mat Verfassungsrang
Art. 38.
De Staat garantéiert d’Recht op Aarbecht a këmmert sech drëm, dass et ausgeüübt ka ginn.
Art. 39.
De Staat fërdert de Sozialdialog.
Art. 40.
De Staat suergt derfir, datt jidderee mënschewierdeg ka liewen an eng gëeegent Wunneng huet.
Art. 41.
De Staat garantéiert de Schutz vun der mënschlecher a natierlecher Ëmwelt, andeems e sech fir en dauerhaft Gläichgewiicht asetzt tëschent dem Erhalt vun der Natur, virun allem hirer Kapazitéit, sech ze erneieren, an dem Erhalt vun der Biodiversitéit, an der Satisfaktioun vun de Besoine vun den haitegen an den nächste Generatiounen.
De Staat verflicht sech, de Klimawandel ze bekämpfen a sech fir d’Klimaneutralitéit anzesetzen.
Hien erkennt un, dass d’Déieren netmënschlech Liewewiese sinn, déi eng Sensibilitéit hunn, a suergt dofir, dass hiert Wuelbefanne geschützt gëtt.
Art. 42.
De Staat garantéiert den Zougang zur Kultur an d’Recht op kulturell Selbstverwierklechung.
De Staat fërdert de Schutz vum kulturelle Patrimoine.
Art. 43.
De Staat fërdert d’Fräiheet vun der wëssenschaftlecher Fuerschung am Respekt vun de Wäerter vun enger demokratescher Gesellschaft, déi op de Grondrechter an den ëffentleche Fräiheeten opgebaut ass.
Kapitel III. De Grand-Duc
Sektioun 1. D’Funktioun vum Staatschef
Art. 44.
(1)
De Grand-Duc ass de Staatschef.
Hie representéiert de Staat. Hien ass d’Symbol vun der nationaler Eenheet an Onofhängegkeet.
Seng Persoun ass onverletzlech.
(2)
De Grand-Duc huet nëmmen déi Attributiounen, déi d’Verfassung an d’Gesetzer him iwwerdroen.
Hien exercéiert zesumme mat der Regierung d’Exekutivgewalt.
(3)
Dem Grand-Duc seng Bestëmmunge musse vun engem Member vun der Regierung, deen d’Verantwortung derfir iwwerhëlt, géigegezeechent ginn.
Art. 45.
(1)
De Grand-Duc hëlt d’Reglementer an d’Arrêtéen, déi fir d’Vollstreckung vun de Gesetzer néideg sinn.
(2)
An de Beräicher, déi duerch d’Verfassung dem Gesetz virbehale sinn, kann de Grand-Duc Reglementer an Arrêtéen nëmmen opgrond vun enger besonnescher gesetzlecher Bestëmmung huelen, déi d’Zil vun de Vollstreckungsmoossnamen an eventuell d’Konditiounen, deene si ënnerleien, festleet.
(3)
Hien hëlt d’Reglementer, déi néideg sinn, fir d’Rechtsakte vun der europäescher Unioun ze applizéieren.
An de Beräicher, déi duerch d’Verfassung dem Gesetz virbehale sinn, kënnen dës Reglementer nëmmen opgrond vun enger besonnescher gesetzlecher Bestëmmung geholl ginn, déi d’Zil vun de Vollstreckungsmoossnamen an eventuell d’Konditiounen, deene si ënnerleien, festleet. Geméiss de Konditiounen, déi d’Gesetz festleet, kënnen dës Reglementer vu besteeënde Gesetzesbestëmmungen ofwäichen oder se ersetzen.
Art. 46.
De Grand-Duc schléisst d’Traitéen a kënnegt se. D’Traitéen – ausser, een Traité enthält eng spezifesch Klausel dozou – an hir Kënnegung wierken eréischt, nodeems si vun engem Gesetz autoriséiert goufen. Si gi publizéiert an de Formen, déi fir d’Publikatioun vun de Gesetzer virgesi sinn.
De Grand-Duc mécht d’Reglementer an d’Arrêtéen, déi fir d’Ausféierung vun den Traitéen néideg sinn, an de Formen, déi d’Ausféierungsmoossname vun de Gesetzer reegelen, a mat der Wierkung, déi dës Moossnamen hunn, ouni Schued fir d’Beräicher, déi duerch d’Verfassung dem Gesetz virbehale sinn.
Art. 47.
Am Ausübe vun der Muecht, déi den Artikel 45, Paragraf 1 an 3, Alinea 1 an den Artikel 46, Alinea 2 vun der Verfassung him ginn, kann de Grand-Duc an de Fäll, déi hie festleet, d’Membere vu senger Regierung beoptragen, Ausféierungsbestëmmungen ze huelen.
Art. 48.
Am Fall vun enger internationaler Kris, vu reelle Menacë fir d’vital Interessie vun der ganzer Populatioun oder engem Deel dovun oder vun enger imminenter Gefor wéinst schwéiere Beanträchtegunge vun der ëffentlecher Sécherheet kann de Grand-Duc an alle Beräicher per Reglement Moossnamen ergräifen, nodeems hien d’Drénglechkeet vun der Situatioun festgestallt huet, déi doraus resultéiert, dass et der Chamber onméiglech ass, matzäit ze legiferéieren.
Dës Moossname kënne vu Gesetzer, déi existéieren, ofwäichen. Si mussen néideg, adequat a proportional zum Zil, dat verfollegt gëtt, a konform mat der Verfassung an den internationalen Traitéë sinn.
D’Verlängerung vum Krisenzoustand iwwer zéng Deeg eraus kann nëmmen duerch een oder méi Gesetzer entscheet ginn, déi d’Dauer dovu festleeën, woubäi d’Verlängerung eng maximal Dauer vun dräi Méint net iwwerschreiden dierf. Dës Gesetzer gi mat enger qualifizéierter Majoritéit vun zwee Drëttel vun de Stëmme vun den Deputéierte gestëmmt. D’Ofstëmmung iwwer Procuratioun ass dobäi net erlaabt.
All Reglementer, déi opgrond vun dëser Bestëmmung geholl ginn, verléieren hir Wierkung spéitstens, wann de Krisenzoustand eriwwer ass.
D’Chamber ka wärend dem Krisenzoustand net opgeléist ginn.
Art. 49.
De Grand-Duc promulgéiert d’Gesetzer bannent dräi Méint, nodeems se vun der Chamber ugeholl goufen.
Art. 50.
(1)
De Grand-Duc ernennt a Konformitéit mam Gesetz fir ëffentlech Aarbechtsplazen, ausser, d’Gesetz gesäit dat anescht vir.
(2)
Eng vum Staat bezuelten Aarbechtsplaz kann nëmmen opgrond vun engem Gesetz geschafe ginn.
(3)
De Statut vun de Staatsbeamte gëtt vum Gesetz festgeluecht.
Art. 51.
De Grand-Duc huet d’Recht, d’Strofen, déi vun de Geriichter gesprach goufen, an de Konditiounen, déi d’Gesetz festleet, opzehiewen oder erofzesetzen.
Art. 52.
De Grand-Duc huet d’Recht, Adelstitelen un d’Membere vun der groussherzoglecher Famill ze verginn, ouni awer jeemools Privileegien domat ze verbannen.
Art. 53.
(1)
De Grand-Duc dréit den Titel vum Kommandant vun der Arméi. Dëse Kommando gëtt ënner der Verantwortung vun der Regierung ausgeüübt.
(2)
De Grand-Duc iwwergëtt zivil a militäresch Uerden am Respekt vum Gesetz.
Art. 54.
De Grand-Duc, de fréiere Staatschef, den Ierfgroussherzog, de Regent an de Lieutenant-Representant kréien eng järlech Dotatioun aus dem Staatsbudget. D’Elementer an de Montant dovunner gi vum Gesetz festgeluecht.
De Grand-Duc definéiert an organiséiert seng Verwaltung, déi d’Rechtsperséinlechkeet huet, a berécksiichtegt dobäi den ëffentlechen Interessi.
Art. 55.
De groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg an d’Schlass Bierg sinn dem Grand-Duc als Residenz virbehalen.
Sektioun 2. D’constitutionnell Monarchie
Art. 56.
(1)
D’Funktioun vum Staatschef ass verierflech ënnert den direkte Nokomme vu Senger Kinneklecher Altesse Adolphe, Grand-Duc vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, an der Reiefolleg vun der Éischtgebuert an no der Reegel vun der Vertriedung. Nëmme Kanner, déi an engem Bestietnis gebuer goufen, kënnen d’Nofolleg untrieden.
(2)
D’Persoun, déi zur Nofolleg berechtegt ass, kann dorop verzichten. Dëse Verzicht huet d’Form vun engem schrëftlechen Akt, deen net ka widderruff ginn an deem seng Konsequenzen nëmmen den Auteur betreffen.
Wann aussergewéinlech Ëmstänn dat verlaangen, kann d’Chamber eng oder méi Persounen duerch e Gesetz, dat mat der qualifizéierter Majoritéit ugeholl gëtt, vun der Trounfolleg ausschléissen.
(3)
Wann et keen Nofollger gëtt, versammelt sech d’Chamber spéitstens drësseg Deeg nom Doud oder der Ofdankung vum Grand-Duc, fir en neie Staatschef ze designéieren. D’Entscheedung gëtt mat der qualifizéierter Majoritéit ugeholl.
(4)
Dem Grand-Duc seng Ofdankung muss d’Form vun engem schrëftlechen Akt hunn, deen net ka widderruff ginn.
Art. 57.
(1)
De Grand-Duc ass Staatschef vun deem Moment un, wou hie virun der Chamber de follgenden Eed ofgeluecht huet: „Ech schwieren, d’Verfassung an d’Gesetzer ze respektéieren a meng constitutionnell Attributiounen trei ze erfëllen.“
(2)
Den Eed gëtt spéitstens den zéngten Dag nom Doud, der Ofdankung oder der Designatioun vum Grand-Duc ënnert de Konditioune vum Artikel 56, Paragraf 3 ofgeluecht.
(3)
La consultation de ce document ne remplace pas la lecture du texte officiel publié au Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg. Nous déclinons toute responsabilité pour d'éventuelles inexactitudes résultant de la conversion de l'original dans ce format.